info@lwo.lu

Dirigent

Luxembourg Wind Orchestra

De Philippe Noesen huet seng musikalesch Lafbunn zu Péiteng an der Museksschoul ugefaangen.

Spéider ass hien an de Stater Conservatoire gewiesselt, wou hien an der Klass vum Paul Mootz en Diplôme Supérieur an der Perkussioun an an der Kammermusek kritt huet. Ausserdeem huet hien am selwechten Haus Batterie, Uergel, Piano, Dechiffrage, Harmonie, Orchestratioun, Pédagogie, Methodologie an Chouerdirektioun gemaach. Hien huet dann och 2016 säin Diplôme Supérieur an der Orchesterdirektioun mat der Militärmusek gemaach.

Am September 2017 huet hien zu Mannheim op der Musekshéichschoul beim Här Toni Scholl en Direktiounsstudium fir Blosorchester ugefaangen an perfektionéiert sech do iwwer déi nächst Joren weider an preparéiert domatten säin Bachelor. 

Seng berufflech Lafbunn huet hien am September 2008 ugefaangen, andeems en d’Grondausbildung fir d’Arméi gaangen ass an zënter Januar 2009 d’Perkussiounsregëster vun der Militärmusek verstäerkt.

Säit 2016 Joer huet hien och de Posten vum éischten Drum Major vun der Lëtzebuerger Militärmusek ageholl an féiert dës bei offiziellen Zeremonien iwwer d’Strooss un.

Während e puer Joer war hien och Chargé bei der UGDA. Bis haut ass hien nach ëmmer als Chargé beim NYWOL, dem National Youth Wind Orchestra Luxembourg, dobäi.

Deswéideren ass hien Dirigent vun der Keespelter Musek, Tresorier bei International Percussion Competition Luxembourg (IPCL) an Member vun Axent.