info@lwo.lu

Luxembourg Wind Orchestra

Luxembourg Wind Orchestra

D’ Luxembourg Wind Orchestra a.s.b.l. ass 2017 vun e puer Kollege gegrënnt ginn. De Philippe Noesen, Eric Engel, Marc Mollitor an Thierry Majerus hun sech als Ziel vun dësem Projetorchester gesat, de Museksenseignant’en d’Chance ze ginn, op professionellem Niveau an engem Blosorchester ze spillen.

Ausserdeem bitt dësen Orchester d’Méiglechkeet, d’Zesummenaarbecht zwëschen Enseignant’en, Militärmuseker, Museker aus dem OPL a vereenzelten Amateur’en ze intensivéieren.

D’Bloosmusek am Lëtzebuerger Land soll och duerch dësen Orchester nach méi populär ginn an och am Ausland sech e Numm maachen.

Teaser LWO